Adopt Dog Show 2019
Mixed Breed · Unknown
Zënter 2 Deeg sinn mir op der Dogshow , wéi all Joer an kucken op erëm Muppen an Autoen setzen an op aner Verstéiss op der Dagesuerdnung sinn , déi géint onst nationalt oder géint EU Déierenschutzgesetz ginn !!! Obwuel d‘Organisatoren en gut Informatiounsaarbecht gemeet hunn an d‘Leit informéieren , wat erlaabt ass an wat net , sinn erëm méi Verstéiss an zwee Deeg festgestallt ginn 😡 Net valabel Passen an Impfungen ! An Camionnetten wou se stonnelaang an och deeglaang duerch ganz Europa ronderëm kutschéiert ginn an ze klengen Käffeger bei héijen Temperaturen vun enger Ausstellung op déi aner etc etc etc 😡 All Respekt fir d’Douane an d‘Veterinärsinspektioun esou wéi déi aner Déierenfrënn , déi 2 Deeg versicht hunn alles fir d‘Wuehl vun den Muppen ze maachen ❤️
Free account — 10 contacts included
Listed 1 month ago












